Save the date: 28. Juni 2024
Dëst Joer fënnt de Naturpakt-Dag e Freideg, den 28. Juni 2024, vun 8:30 bis 17:00 Auer, am Centre polyvalent "A Schommesch" zu Nidderaanwen statt.
En Dag ronderëm den Naturschutz um kommunalen Niveau
- 08:30-12:00 Auer: Visitte vun Naturschutz-Projeten an der Regioun
- 12:00-14:00 Auer: Lunch an Networking
- 14:00-17:00 Auer: Konferenz an Iwwerreechung vun den Naturpakt-Zertifikatiounen
- Ab 17:00 Auer: Patt
All weider Informatiounen iwwer de Programm deele mir Iech zäitno mat.