Naturpakt-Dag 2026
Freides, de 26 Juni 2026
Vun 8:15 bis 17:00 Auer
Zu Walfer Am Centre Culturel Prince Henri
De Programm:
Ab 8:15 | Acceuil mat Kaffi a Croissant
8:45 - 12:00 | Visitte vun Naturschutz-Projeten an der Regioun
D’Plaze fir d’Visitte Moies si limitéiert. Dir kennt Iech nach bis den 24. Juni 2026 umellen sou laang nach Plaze fräi sinn – eng Visitt pro Persoun. Zwou Visitte sinn (deelweis) mam Bus, déi aner zwou komplett zu Fouss. Fest Schong si fir all Visitt recommandéiert.
Visitt 1: Tour Heedchen a Sonnebierg mat der ANF, dem Animateur Natura2000 an dem SICONA (max. 42 Persounen)
Dës Visitt féiert laanscht d’Weieren an d’Heed bis an d’Naturschutzgebitt Sonnebierg. Follgend Statioune si geplangt:
- Busfaart bis bei d’Weieren an d’Torfmoossen (mat Erklärungen zum Konzept Schwammwald, Weieren als Liewensraum an d’Wiederansiedlung vun der klenger Mouk)
- Liewensraum Heed (Restauratioun an Entretien)
- Optional: de Raschpëtzer (een ënnerierdescht Aquädukt-System) an eng Dréchemauer
Wichteg: De Réckwee gëtt zu Fouss gemaach (ca. 3,5 km flaach a géi biergof).
Visitt 2: Uelzechtrenaturéierung mat der AGE, der Gemeng Walfer an dem SICONA
Den Haaptdeel vun dëser Visitt dréit sech ëm d’Renaturéierung vun der Uelzecht a gëtt vun der AGE guidéiert. Et geet zu Fouss a Richtung Startpunkt vun der Renaturéierungsmoossnam, wou follgend Statiounen um Réckwee virgesi ginn:
- Ee Weier, dee vum SICONA ugeluecht gouf
- Ee Gemeinschaftsgaart vun der Gemeng
- Naturno Gréngfläche vun der Gemeng
Wichteg: Dës Excursioun gëtt komplett zu Fouss gemaach. D’Streck ass awer flaach an entsprécht engem gemittleche Spadséiergang vu ronn 3 km.
Visitt 3: Tour Sossenhaff mam Sicona
D’Visitt féiert op de Sossenhaff, wou mir eis follgend Statiounen ukucken:
- Ee Weier, ee Steekoup, eng Dréchemauer an ee Bongert.
Optional kënnen och nach follgend Statiounen dobäikommen:
- d’Bréck vun der Uelzecht, ee Schmueweltuerm, ee Waasserréckhaltebecken an eventuell genotzte Maschinnen um Sossenhaff.
Wichteg: Dës Excursioun gëtt komplett zu Fouss gemaach. De Wee erop op de Sossenhaff ass relativ géi, dës Visitt ass dofir éischter fir méi aktiv Participanten recommandéiert.
Visitt 4: Tour Kléngelbour / Brideler Plateau mam SICONA (max. 42 Persounen)
D’Visitt ass an zwee Deeler agedeelt:
- Den éischten Deel féiert mam Bus op den Haff Kléngelbuer. Do kucke mir eis zwee Weieren an ee Bongert un, a ginn zesumme mat Mataarbechter vum Haff op Theme wéi Uebstbamplanzung an en Amphibienleitsystem an. Weider Aspekter, wéi “Natur Genéissen”, gi presentéiert mat enger Degustatioun vum hausgemaachten Uebstjus.
- Den zweeten Deel féiert mam Bus op de Brideler Plateau, wou mir eis e SICONA-Schaufeld fir Wëllplanzesom an e Feldflorenreservat ukucke ginn.
Wichteg: Et däerfe keng Fotoe vum Haff oder vum Bongert gemaach ginn.
12:00 - 13:00 Auer: Mëttegiessen an Austausch
Programm vun 13:00 bis 17:00 Auer
- Begréissung duerch den Ëmweltministère, Klima-Agence an d’Gemeng Walfer
- Ried vum Minister fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit, Serge Wilmes
- Aktualitéiten aus dem Naturpakt presentéiert vu Klima-Agence
- Aktualitéiten vum Ëmweltministère an de Verwaltungen
- Ëmsetzungsbeispiller vun der Gemeng Walfer an dem Naturschutzsyndikat SICONA
- Iwwerreechung vun der Sonnerauszeechnung “gréisste Wise-renaturéierung”
- Iwwerreechung vun de Naturpakt-Zertifikatiounen